21.3.2011 Vortrag und Stammtisch Luxembourg

    Diese Seite verwendet Cookies. Durch die Nutzung unserer Seite erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Cookies setzen. Weitere Informationen

    • RE: 21.3.2011 Vortrag und Stammtisch Luxembourg

      wellkom och vun mir, dem Hunn am Kuerf, mellen mech muer nach eng Keier

      Niico
      Mein Höchstgewicht bei 1,80 m 2004: 152,5 kg

      Hat sich mittlerweilen bei +- 85,00 kg eingependelt
      an der Grösse hat sich nichts getan :-)
    • Merci Iech All fir dat härzlech wellkommen an d’Explicatiounen.

      Dann hun ech also kéen Schrett iwersprongen irgendwou…

      Dat mam Pantovigar hat Dr. Goergen mir och gesot an den huellen ech och schon fleisseg. An den Zenk hat ech geduecht hellt een fir dat d’Wonnen mei schnell heelen?

      Wei wéess éen dann op éen eng Fettleber huet oder net ? Geseit éen dat bei der Blutanalys?

      Bei mir hun se just bei der Mospiegelung festgestallt dat ech eng deck Gastrite hun an eigentlech miss vill Wéi an Reflux hun – konnt awer beides net bestätegen. Mais seitdem muss ech awer Pellen huellen.

      Et scheint jo wei wann dat bei mir richteg fix gang as. Wei gesoet hun ech reicht letzt Joer am Summer ugefang an wann ech net schon fir d’Paischtvakanz eppes geplangt hät wär ech Enn Aprel operéiert gin. Ech hun mir en néien r-v fir den 10. Juni gin gelos, muss also den 9. Juni anchecken. An elo get et sou lues Zäit das ech meng Famill iwer meng Entschedung informeiren…

      Sin Är Treffen eigentlech emmer Owens oder gesitt Dir Iech och mol an der Mettesstonn? Ech geif gär kommen mais well ech elengerzeihend sin as dat owens leider net esou einfach.

      Geif mech op jidden Fall fréen Iech mol eng Kéier perseinlech kennen ze léiren an Är Geschicht ze héiren.

      Bis geschwenn :zwinkert:

      Béatrice
    • Béatrice,

      Op du eng Fettliewer hues gesäit en am Ultraschall. Du hues dach op secher missten an der Eecherklinik en Ultraschall vum Mo an Emgeigend maachen. Ech hun och missen Yoghurt iessen an dat esou 2mol well ech en Dag viru menger OP am November ofgesot kritt hun an dun ereicht am Dezember operéiert gin sin.
      Dun hun och am Dezember nach eng Kéier därfen eng Woch Yoghurt an wäissen Kées iessen. Elo no der OP hun ech eng Laktoseintoleranz an kann iwerhaapt keng Mellchprodukter mei iessen.
      Wann du dech wells eng Kéier Mettes treffen ass och kéen Problem, dann kennen mir eis eventuel an der Stadt treffen wann dat dir get.

      Bis geschwenn,
      Martine
    • Ech hat mein eischten RV beim Vera Siebenaler am November 2009 an sin am September 2010 opreiert gin, dei Zeit as trotzdem schnell vergaang, well all puer Wochen en Termin dru war, dat huet mir gut gepasst weinst der Arbecht. Ech hat Mett Juli RV mat der Dr.Goergen an dunn hu mir zesummen den Termin fir OP op Enn September geluecht well dat mir am beschten lung, do war d'Schoul schon rem bessen amgang a war och kee Problem dat ech op der Arbecht an e congé gefall sin.

      Mir geet et bis elo och tiptop, hat nach guer keng Problemer a kont alles vun Ufank un iessen. Ech hun lo 38 kg ofgeholl, dat as vleicht manner wei anerer an 6 Meint, mee do as jiddereen anescht. Wei gesot, ech kann ganz gut iessen, a wees wat ech mir zum beispill am Resto bestellen, fellt kengem op dat ech e Bypass hun...ech hun just menger direkter Famill a mengen allerbeschten puer Frenn et gesot.

      Ech war souwisou nach nie e Leichtgewicht a mein Ziel as et fir erem op mein Gewicht ze kommen wat ech virun 15-20 Joer hat eer ech Kanner krit hun, dat war em di 80 Kg. Domat wir ech gär zefridden :]

      Kucke mer mol....
    • hi Martine hells de mech net mat ? :-)
      Mein Höchstgewicht bei 1,80 m 2004: 152,5 kg

      Hat sich mittlerweilen bei +- 85,00 kg eingependelt
      an der Grösse hat sich nichts getan :-)
    • @ Michèle: dat war bestemmt weinst dem Streik, oder? Kannste iwerhaapt nach Joghurt gesin :panik: – gudd dat et sou vill verschieden Sorten get...

      Ultraschall hun ech net gemach kritt. Ech hat déi 3 r-v an der Psychatrie, den Diététicien hun ech gesin, den huet Kierperfett, Wasser an Muskelmass bestemmt, beim Endocrinologe war ech nach, dann Dr. Goergen an 2x Mospiegelung. Dat war et och schon.

      Mais egal, ech gin mol einfach dovun aus dat meng Liewer an der Réi as an kann jo trotzdem e puer Deeg virun der OP nemmen nach Joghurt iessen. Eischter packen ech et net well ech kommen Samstes aus der Vakanz an gin Freides operéiert an dem Buffet um Scheff kann ech bestemmt net widerstoen.

      Mettesstonn an der Staat as perfekt vue que dat ech an der Staat schaffen – och gären mam Hunn am Kuerf :zwinkert:

      @ Lakana: 38 kg an 6 Méint fannen ech schon super, as bestemmt och fir d’Haut vill besser wann et net sou schnell rof géet. Ech huellen un déi letzt Kiloen sin déi schweierst, mais déi op éen dann am mechten stolz kann sin :]

      Ech hat mat 18 Joer schon 130 kg, hun et sou mat 22-23 Joer op just enner 100 rof gepackt an mech dun rem lues rop geschafft. Meng 2 Kanner hun ech mat ca. 130 – 135 kg kritt. Dat war virun 10 resp. 9 Joer an säitdem waren rem 20 Kilo beikomm. Irgendwei an ouni dat ech irgendeppes gemach hun sin der dovun rem 7 verschwonnen an ech hun licht Angscht dat se genau sou einfach rem kommen... Vun dohir sin ech frou fir all Gramm wat fort kennt.

      Sou an elo probéiren ech mol op ech en Avatar gesat kréien.

      CU

      Béatrice
    • RE: 21.3.2011 Vortrag und Stammtisch Luxembourg

      Halli Hallo,

      Beser spät als nie...

      Unser nächster Stammtisch findet am 18.4.2011 um 18:3o wieder in Remich statt:

      Auberge de la Croisette
      Quai de la Moselle
      L-5553 Remich
      Tel. 00352 26 66 05 05

      Liebe Grüsse

      Marianne

      PS ich mach noch nen neuen Thread auf... ;): zum vollquatschen, vollschreiben, philosophieren, loben, X( :407:
    • keng Heemlechkeeten hei :-)))
      Mein Höchstgewicht bei 1,80 m 2004: 152,5 kg

      Hat sich mittlerweilen bei +- 85,00 kg eingependelt
      an der Grösse hat sich nichts getan :-)